Interview mam Shirine a Nuno aus den Urgencen

Поделиться
HTML-код
  • Опубликовано: 4 янв 2025
  • Haut presentéiere mir Iech d’Shirine an de Nuno aus den Urgencen vum CHdN.
    D’Shirine huet no senger 11ième Paramédicale eng Ausbildung als Gesondheets- a Krankefleegerin am Saarland gemaach a schafft säit November 2020 am CHdN. Zënter 2014, wou hatt sech senger Fräizäit d’Shirine beim CGDIS engagéiert, war him kloer datt hatt wéilt an den Urgence schaffen.
    De Nuno, zënter 2002 diploméierten Infirmier, schafft säit August 2005 am CHdN. Säi Stage an den Urgencë vum fréieren Ettelbrécker Spidol hat him esou gutt gefall dass hien seng professionnell Zukunft do gesinn huet.
    An enger Urgence déi 7 Deeg op 7 Garde huet, an déi de ganzen Norde vum Land ofdeckt, gesäit den Alldag ganz villfälteg aus. Op ze Fouss, mam Helikopter oder der Ambulanz si versuergen all Noutfall dee bei si erakënnt. „Et ass wichteg dass ee keng Beréierungsängschten huet a souwuel physesch wéi psychesch Belaaschtunge verdréit. Dernieft sollt een awer och empathesch sinn a genuch Virwëtzegkeet matbrénge well een all Dag bäiléiert,“ soen d’Shirine an den Nuno.
    Tragesch Momenter déi si op hirer Aarbecht erliewen, gehéiere fir di zwee zum Alldag. Emsou méi schëpfen si Kraaft, bei all Patient deem si hëllefen kënnen. Do ass all Laachen oder Merci vun de Leit Gold wäert.

Комментарии •